Schnéi, Minusgraden an äisege Wand, grad an dësen Zäiten hu Leit déi op der Strooss, um Bord vun der Gesellschaft liewen et nach méi schwéier.

D'lescht Joer sinn 18 sans-abrisen zu Lëtzebuerg gestuerwen.  D'Wanteraktioun an déi verschidde Foyeren sinn zanter Méint strubbelvoll.

Wéi lieft et sech als sans-abris zu Lëtzebuerg? Wéi en Afloss hat d'Kris? Wat sinn déi gréisst Erausfuerderungen och fir d'Politik? Dat froe mer eis Invitéeën dëse Samschdeg. Mam Alexandra Oxaceley vun der Stëmm vun der Strooss an dem René Kneip vu Caritas Accueil et Solidarité schwätze mer iwwert déi grouss an déi kleng Problemer mä och d'Hëllef déi d'Sans-abris'en zu Lëtzebuerg kréien. Dat a méi dëse Samschdeg  tëscht 12 an eng Auer an eisem nächste Background am Gespréich.

AUDIO: Background
Radio - Background: Alexandra Oxaceley & René Kneip
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.