23. Februar: Roland Kuhn (Chambre des métiers)

All 5. hei am Land schafft an engem handwierkleche Beruff. Aktuell ginn et ronn 6.000 Handwierksbetriber, déi zesummen iwwer 80.000 Leit beschäftegen.
D'Handwierk ass domat dee gréissten Employeur hei am Land.
An der Emissioun Background am Gespréich kucke mer dëse Samschdeg, wéi et ëm d'Zukunft vum Handwierk hei zu Lëtzebuerg steet.
Wat sinn d'Erausfuerderungen, déi op dëse Secteur an den nächste Joeren duerkommen, wéi huet d'Handwierk d'Kris erlieft a wéi gesäit et mam Nowuess aus? Mir intresséieren eis awer och dofir, wéi d'Handwierk kann hëllefen, de Jugendchômage ze reduzéieren.
Invité ass de President vun der Chambre des Métiers Roland Kuhn, dee selwer Entrepreneur an der 6. Generatioun ass. Mat him schwätze mer awer och iwwert déi nei Critèren, no deenen haut muss gebaut ginn, a wat dat fir déi eenzel Entreprise bedeit.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.