Wéi eng Strategien hunn d'Gewerkschaften fir géint d'Kris virzegoen? Hu se nach Spillraum? Wou leien d'Ënnerscheeder vun de verschiddene Gewerkschaften?

Gëtt et eng europäesch Approche – a wat mécht d'Politik domat?

Iwwer déi an aner Froen gouf diskutéiert op enger Table ronde, déi d'Wochenzeitung woxx zesummen mat RTL organiséiert huet. Um Dësch soutzen d'Presidenten vun OGBL an LCGB, de Generalsekretär vum Landesverband an den Aarbechtsminister. De Resumé vun der Diskussioun dëse Samschdeg am Background.

AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.