D'Parteikongresser vun CSV an LSAP sinn erlaanscht. A wéi soll d'Landespolitik weider gefouert ginn bis déi nächst Walen?

Dat froe mer dëse Samschdeg den LSAP-Fraktiounschef an der Emissioun Background am Gespréich mam Lucien Lux.

Doranner geet et engersäits ëm d'Staatsfinanzen, ëm d'Aarbechtslosegkeet, Steieren, anerersäits awer och ëm Bommeleeërprozess an ëm de Geheimdéngscht.

Background am Gespréich mam Lucien Lux, e Samschdeg tëscht 12 an 1 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.

AUDIO: Background
Radio - Background am Gespréich mam Lucien Lux
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
Lucien Lux am RTL-Background
Budgetsequiliber an de Chômage, dat sinn Defien vun de nächsten Joeren, sot den LSAP-Politiker.
RTL

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.