30. Mäerz: Jean Schoos

Eisen Invité ass de neie President vun der ADR, de Jean Schoos.
D'adr huet turbulent Wochen a Méint hannert sech. Zwee Deputéiert sinn ausgetrueden, de President huet demissionéiert, en ale President ass zréck komm an déif Meenungsverschiddenheeten goufen no bausse gedroen. Virleschte Weekend gouf um Nationalkongress e Schlussstréch ënnert d'Turbulenze gezunn. Mat enger ganz neier Spëtzt wëll d'adr lo geschlossen op déi nächst Walen duergoen.
Dëse Samschdeg ass den neien adr-President Jean Schoos Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich. Wéi wëll hien d'Partei aus der Kris féieren, wat si seng Ambitiounen a wou steet d'adr 25 Joer no hirer Grënnung? Ënnert anerem doriwwer schwätze mer mam Jean Schoos dëse Samschdeg tëscht 12 an eng Auer hei op RTL Radio Lëtzebuerg.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.