6. Abrëll: Léon Wietor, Jeff Boonen an Aly Leonardy

© Bruno Ferrari / RTL
Wéi steet sech d'Landwirtschaft an de Wäibau am Land? Wéi gesinn Baueren a Wënzer den Alldag a wéi leeft ee mat den Decisiounen iwwer den EU-Agrar-Pak.
Mir froen dat d'Leit, déi all Dag um Terrain mat Béischten, Kären an Drauwen ze dinn hunn. Et ass ee Background zum Thema Landwirtschaft mam Direkter vun der ASTA Léon Wietor, dem President vun de Lëtzebuerger Jonbgbaueren a Jongwënzer Jeff Boonen an dem Vizepresident vun der Landwirtschaftskammer, dem Aly Leonardy, Wënzer a Bauer vu Mäertert.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.