D’Woch stoung am Zeeche vun der Ried zur Lag vun der Natioun. 95 Minutte laang huet de Premier d’Situatioun vum Land gezeechent a gesot wou et soll higoen.

Am Background am Gespréich e Samschdeg analyséieren d’Majoritéit an d’Oppositioun nach eemol d’Ried. Am Studio ass de Fraktiounschef vun der CSV Marc Spautz an de President vun der DP-Fraktioun Claude Meisch.

AUDIO: Background
Radio - Background: Marc Spautz a Claude Meisch
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.