20. Abrëll: Jean-Louis Schiltz

Dëse Samschdeg ass jo de groussen Télévie-Dag hei op RTL an am ganze Land. Eis Emissioun Background koum Live aus engem vun de 4 Zentren, vu Reisdref.
Do hu mer de President vun der Télévie Asbl, de Jean-Louis Schiltz begréisst. Mat him hu mer natierlech iwwert de Kampf géint de Kriibs geschwat, hunn awer och gekuckt wat de fréieren CSV-Minister a Fraktiounschef da gutt zwee Joer no senger politescher Carrière mécht an op d'Politik him net awer bësse feelt. No zwee Joer laanger Pause, zitt et de fréieren CSV-Politiker anscheinend net zeréck an d'Politik. Och als Successeur vum Francois Biltgen als Justizminister wier hien net am Gespréich, sou de fréiere Communikatiouns- Kooperatiouns- an Arméminister Jean-Louis Schiltz...
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.