27. Abrëll: Out of Paradise?

Dat war den Titel vun enger Table ronde, déi d'Wochenzeitung Woxx zesumme mat RTL organiséiert huet. Hei eng Aart "Best-of" fir de Background.
Wéi vill Finanzplaz verdréit Lëtzebuerg, soll se weider wuessen a wat gëtt et fir Alternativen? Doriwwer diskutéieren de Finanzminister Luc Frieden, de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, de President vun der DP a Stater Buergermeeschter Xavier Bettel an den Europadeputéierten vun Déi Gréng, de Claude Turmes.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.