4. Mee: Leo Wagener

Déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg...dat ass no zwou Wochen Octave dëse Samschdeg eist Thema am Background.
Wou steet d'Kierch, wou wëll se hin, wat seet se zu de Kritiken a wéi gesäit den Alldag vun engem Paschtouer aus? Dat alles froe mer de Paschtouer vu Bouneweg, de Leo Wagener, dee live bei eis am Studio ass.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.