Aus enger Epicerie gouf e grousse Grupp mat 4.000 Employéen: de Grupp Cactus kuckt schonn op eng Geschicht zeréck vu 46 Joer.

Wat sinn d'Konsequenze vun der Kris op de Secteur vun der Alimentatioun; wéi gesäit d'Ëmfeld aus vun der Konkurrenz a wat sinn déi grouss Erausfuerderunge fir d'Landespolitik?

Doriwwer schwätze mer dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich mam Laurent Schonckert.

AUDIO: Background
Radio - Background am Gespréich mam Laurent Schonckert
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.