De Landwirtschafts-, Sports- an deleguéierte Solidarwirtschaftsminister ass Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Mam Romain Schneider schwätze mer ë.a. iwwert d'Faillite vun OPE, d’Spiller vun de klenge Länner an d'Reform vun der EU-Agrarpolitik.

AUDIO: Background mam Romain Schneider.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an um Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.