Hie war laang als Justizminister gehandelt ginn a steet lo zanter bal engem Mount un der Spëtzt vun der gréisster Fraktioun an der Chamber.

Dëse Samschdeg ass de Mamer Député-maire eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Mam Gilles Roth schwätze mer natierlech iwwert déi politesch Aktualitéit zu Lëtzebuerg an d'Situatioun vum Land mä natierlech och iwwert seng perséinlech Ziler an Iwwerzeegungen, seng nei Aufgab an der CSV-Fraktioun a seng Partei, ee Joer virun de Wahlen.

Radio - Background am Gespréich mam Gilles Roth
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
Radio - Background am Gespréich mam Gilles Roth
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).

Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.