1. Juni: Paul Helminger

Et si schwiereg Zäiten, besonnesch och fir den Aviatiounssecteur. Cargolux a Luxair musse spueren a streide mat de Gewerkschaften.
Et geet ëm Konzessioune beim neie Kollektivvertrag.
D'Cargolux ass op der Sich no engem neie Partner a muss eng zweet Tranche bei der Kapitalerhéijung ënnerdaach kréien.
Iwwer dat alles schwätze mer dëse Samschdeg mam President vu béide Fluchgesellschaften, dem Paul Helminger an eiser Emissioun Background am Gespréich.
Wann Zäit bleift, diskutéiere mer och iwwert national Politik an Innovatioun zu Lëtzebuerg.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.