E knappt Joer virun de Wahlen huet hien nach Zäit fir an de politesche Ressorte vun der Famill an der Cooperatioun ëppes ze bewierken....

Et sinn Domainer, wou vill Sue mat am Spill sinn, an dat an Zäiten wou de Staat gehalen ass ze spueren. Wéi definéiert den neien CSV-Minister Marc Spautz sozial Selektivitéit an Generositéit no baussen... wat ass fir hien sozial Kohäsioun a wéi sollen d'Familljen finanziell ënnerstëtzt ginn?

Dat froen mer de Marc Spautz an eiser Emissioun Background am Gespréich, wou hien natierlech och op d'aktuell Developpementer ëm de SREL an de Bommeleeër-Prozess ze schwätze kennt.

Radio - Background am Gespréich mam Marc Spautz
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Et riskéiert Joerzéngten ze daueren, bis d'Vertraue vun de Leit nees do ass, esou huet den neie Familieminister Marc Spautz d'Entwécklungen am Dossier Geheimdéngscht a Bommeleeër kommentéiert.

Kloer schéngt ze sinn, datt bannent dem SREL verschidden Agenten en eegenen Agenda haten - dat misst duerch eng Reform vum Geheimdéngscht ee fir alle Mol geschéien, sou datt duerch en neien, aneren Kader och d'Supervisioun vun deem Service assuréiert ass.

D'Diskussioun ëm de sozialen Index, respektiv och d'Staffelen vum Kannergeld misst dem Famillje-Minister Spautz no nach am beschten virun de Wahlen an enger Tripartite geschéien, fir och do déi selwecht Sprooch ze schwätzen.

D'RMG-Gesetz gëtt iwwerdeems dem Minister Spautz no nach am Laf vun dëser Legislaturperiode reforméiert, sou datt och d'administrativ Demarchen fir dës Leit sollen méi einfach ginn.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).

Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.