15. Juni: Déi Gréng

„Déi Gréng sinn do!“ Mat dem Slogan gouf den 23. Juni 1983 déi Gréng Alternative Partei an d'Liewe geruff.
Et wor dëst d'Gebuertsstonn vun enger Partei, déi sou munnech turbulent Zäiten duerchlieft huet, awer haut an der politescher Landschaft zu Lëtzebuerg fest etabléiert ass. Wou positionéieren sech déi gréng haut, wéi hunn sech d'Partei an hir Leit virun entwéckelt a wéi gesäit déi jonk Generatioun d'Partei haut, 30 Joer no hirer Grënnung? Doriwwer huet d'Corinne Folscheid dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich mam Fraktiounschef François Bausch geschwat. Invité am Studio war donieft de Robert Garcia, deen déi gréng Partei mat gegrënnt huet an déi jonk Generatioun koum zu Wuert, ënner anerem d'Parteipresidentin Sam Tanson an de President vun de Stater Gréngen, François Benoy.
An den nächsten zwou bis dräi Woche soll de Rapport vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun Geheimdéngscht ofgeschloss sinn. De Rapporter dovun, de gréngen Deputéierte François Bausch, ass den Ament amgaangen intensiv un de Konklusiounen ze schreiwen.
An der Emissioun Background am Gespréich huet hien drop higewisen, dass ganz gravéierend Faiten um Dësch leien, déi ënnert dem Stréch vill méi schlëmm wieren, wéi dat wat en Donneschdeg an der Chamber diskutéiert gouf.
Et wier eng eenzeg Katastrof, net nëmmen dee ganze Service, dat heescht de Geheimdéngscht, mä de ganze Fonctionnement vum Staat wier betraff. An den Detail wollt de Fraktiounschef vun déi gréng zu dësem Ament net goen, fir d'éischt gëtt de SREL-Rapport an der zoustänneger Kommissioun an dann an der Chamber diskutéiert.
De François Bausch sot awer, dass dee Moment all politesch Parteien a Fraktioune missten hir Responsabilitéit iwwerhuelen. Wat an de leschte Joere geschitt wier, ass engem Rechtsstat net würdeg, sou nach de François Bausch, mä et wier carrément geféierlech.
Et geet ëm Biergerrechter, ëm d'Verontreie vun ëffentleche Gelder, Illegalitéite bis hin zu Korruptiounsversich.
Dee kruziale Moment ass awer, wann de SREL-Rapport presentéiert gëtt.
Et géif dann net ëm de Minister Luc Frieden, mä ëm de Premierminister goen, sou nach de François Bausch an der Emissioun Background. Ob et zu Neiwahle kënnt, wollt de Fraktiounschef net soen, déi nächst Woche géife jiddwerfalls spannend ginn.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.