Déi lescht 14 Deeg haten et a sech fir de Minister Luc Frieden ...

Mësstrauensvote an der Chamber, kontroverse Diskussioune mam Procureur iwwer seng moralesch Ënnerstëtzung fir d'Enquêteure vun de Bommeleeër oder och nach en eventuellen Deal mam fréieren Direkter vun der Police, wat d'Opstelle vun engem Gesetztext ugeet.
Wéi gesäit de Finanzminister d'Entwécklung vun der Landespolitik, wäre fréizäiteg Walen déi bescht Méiglechkeet, fir en neien Ulaf ze huelen? An: trotz all den Affaire. Wéi steet et ëm eis Economie, ëm d'Staatsfinanzen?

Et gëtt also genuch ze schwätzen.

AUDIO: Background
Radio - Background am Gespréich mam Luc Frieden
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).

Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.