29. Juni: Alex Bodry

D'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht ass op hirer leschter Ligne Droite, d'Regierung eventuell och.
Mam President vun där Kommissioun a vun der LSAP, dem Alex Bodry, schwätze mer iwwert déi lescht Méint voller Affairen a Skandaler an dat matten an enger Wirtschaftskris, déi den Ament am Gewulls ënner geet. Mir kropen och déi Problemer nees eraus a kucke wéi et no eventuellen Neiwahle weider geet.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.