6. Juli: Neiwahlen eenzege Wee aus Regierungskris

Background: CSV-Vizepresident Paul-Henri Meyers, LSAP-Fraktiounspresident Lucien Lux, DP-Parteipresident Xavier Bettel a gréngen Deputéierten Felix Braz.
Eng 50 Kommissiouns-Sëtzungen waren néideg, éier de Rapport vun der SREL-Enquêtekommissioun um Dësch loung.Um Dag nom Vote vun deem Rapport komme mer an der Emissioun Background op d'politesch Suitten a Conclusiounen ze schwätzen, mat virop natierlech der Implicatioun vum Staatsminister, deem seng Responsabilitéit engagéiert ass.
Dodernieft ginn et natierlech d'Voleten vun der penaler an administrativer Responsabilitéit iwwert e Geheimdéngscht, dee largement ëffentlech diskutéiert gouf a wou et parallel Strukturen goufen, déi nach zu disziplinairen Suitten wäerte féieren.
No der Publikatioun vum Rapport iwwer d'Dysfonctionnementer beim SREL schéngen Neiwahlen deen eenzege Wee, fir aus der aktueller Regierungskris eraus ze kommen an et de Wieler an d'Hand ze ginn, ze decidéieren, wat nom Broch an der Koalitioun ze geschéien huet.
Mat Nuancen an den Aussoen, waren sech déi 4 Invitéen e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background iwwert dee Wee eens, an dat nach éier de Staatsminister e Mëttwoch op d'Conclusiounen vum Rapport reagéiert.
Fir den LSAP-Fraktiounspresident Lucien Lux war et wichteg z'ennerstraichen, datt et kee Lager-Wahlkampf dierft ginn, den CSV-Deputéierten Paul Henri Meyers sot, datt seng Partei net géif mat an d'Wahlen goen fir ze verléieren.
Fir den DP-Parteipresident Xavier Bettel dierft et bei de Neiwahlen net zu engem Plebiszit just kommen iwwert d'Roll vum Staatsminister, wat den gréngen Deputéierten Felix Braz och esou gesäit, fir eng Säit kennen ëmzedréinen an d'Enn vun der Koalitioun z'aktéieren.
De Xavier Bettel huet sengersäits nach eemol betount, hie wier net Demandeur fir e Regierungsposten, ma géif sech senger Responsabilitéit och net entzéien.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.