13. Juli: JCJ - "Deputéierten an der Chamber eng Optioun"

© Alain Lamesch/RTL
Et kënnt zu virgezunnenen Neiwahlen, dat ass sécher an dat war och den Haaptsujet vum "Background am Gespréich" mam Jean-Claude Juncker.
Invité dëse Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich war de Premierminister Jean-Claude Juncker, nodeems hien e Mëttwoch an der Chamber sot dem Grand-Duc Neiwahlen ze proposéieren.
Am éischten Deel vun der Emissioun huet de Staatsminister nach eemol den Debat vu leschter Woch Revue passéiere gelooss a sot sech iwwerrascht iwwert den Text vun der sozialistescher Motioun awer och enttäuscht driwwer, dass sech net mat sengen Äntwerte beschäftegt gouf.
De Jean-Claude Juncker huet betount, dass d'Fro vun der Responsabilitéit eng wichteg Fro ass. Hie wier och net onfeelbar.
De Premier mécht sech eegenen Aussoen no Virwërf, dass hien, nodeems e mat enger Auer opgeholl gouf, keng Disziplinarprozedure an d'Wee geleet huet a mécht sech och Virwërf, dass hie kee Suivie vu sengen Instruktioune gemaach hätt.
De Jean-Claude Juncker huet awer och op d'Kollateralschied higewisen, déi d'Geheimdéngschtaffär mat sech zitt. All déi Kreesser déi observéiert ginn, wéissten dat och elo, an dat wier net gutt, sou de Premier.
Op d'Fro hin, ob mat der sozialistescher Partei nach eng Zesummenaarbecht méiglech ass, sot de Staatsminister, dass hie seng Zäit net domat verbréngt bei där wéi hie seet, net-Debatt vu leschter Woch stoen ze bleiwen, mä mam Liewe wëll virufueren. Hie wéilt och net 3 Méint op d'Sozialisten ze klappen, hien hätt keng Loscht op sou ee Wahlkampf. Hien hätt vill Joere gutt mat hinnen zesummegeschafft. Et wier awer de Wieler den hätt dat lescht Wuert huet.
Ugeschwat op eng Dräierkoalitioun huet de Premier awer och zouginn, dass eng Zesummenaarbecht mat der sozialistescher Partei dierft méi schwéier ginn.
De Jean-Claude Juncker ass sech bewosst, dass et déi Kéier dierft vill méi schwéier ginn d'Wahlen ze gewannen. Engersäits hätt d'Geheimdéngschtaffär d'CSV méi affektéiert wéi aner Parteien an och seng Persoun hätt drënner gelidden. Vill Leit géifen him net méi trauen a vertrauen, eng Laascht un där hie schwéier ze droen hätt.
De Fall gesat d'CSV misst an d'Oppositioun, sot de Premier, dass hie sech och kéint virstellen als Deputéierten an d'Chamber ze goen, dat wier fir hie keng Onéier, sou de Jean-Claude Juncker.
Am Fall wou hien awer erëm gewielt gëtt, huet de Premierminister wëlles déi ganz Legislaturperiod fäerdeg ze maachen an dat wier him eescht gemengt.
De Jean-Claude Juncker huet confirméiert, datt d'CSV mam Thema vum gedeckelten Index wëll an d'Wahlcampagne goen. D'TVA soll eropgesat ginn, fir d'Perte aus dem elektroneschen Handel an den nächsten zwee Joer opzefänken; op e geneeë Prozentsaz huet sech de Spëtzekandidat vun der CSV allerdéngs net festgeluecht.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.
