14. September: Serge Urbany a Gast Gibéryen

Si gehéieren zu de Parteien mat de mannsten Deputéierten an der Chamber, an awer hu se natierlech fest politesch Meenungen.
Déi Lénk an d'ADR wëlle sech bei de Wahlen am Oktober net verstoppen an de grousse Parteien am beschten e Stréch duerch d'Rechnung maachen.
D'Sloganen „Elo - Déi Lénk „ an „éierlech, sozial, lëtzebuergesch“ weisen d'Richtung an déi dës Parteien hir Wieler wëllen orientéieren.
Am 1te Background no der RTL-Rentrée loosse mer Déi Lénk an d'ADR zu Wuert kommen a froen no, wéi se sech dann NO de Wahle wëlle situéieren.
Invitéen sinn 2 aktuell Députéierter: de Gast Gibéryen fir d'ADR an de Serge Urbany fir Déi Lénk. Et ass e gedeelte Background, wou d'ADR no 12 den Ufank mécht an et nom Mëttesjournal dann den Tour un Déi Lénk ass.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Audio-Archiv" (do no "Background" sichen) an de VIDEO fënnt sech och an der Rubrik Télé (bei "Replay" no "Radio-Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.