21. September: Etienne Schneider

En trëtt un, fir den nächste Premier ze ginn, a fuerdert domat de Jean-Claude Juncker direkt eraus: den Etienne Schneider.
Mir hunn dem LSAP-Spëtzekandidat op den Zant gefillt, hu gefrot, wou d’Land senger Meenung no steet a wou et soll histeieren.
Et geet ëm Léisunge fir déi aktuell Problemer, méiglech Koalitiounen an ëm privat Säiten.
Am „Background am Gespréich“ sot den Etienne Schneider, hie wier extrem enttäuscht vum Jean-Claude Juncker.
D’LSAP wier ausgestrickst ginn. Si hat dem Premier am Kader vun der SREL-Debatt d’Demissioun vun der ganzer Regierung proposéiert, ma de Premier wollt näischt vun där Motioun wëssen. Um Enn hätt hie sech als Affer vun der LSAP dohigestallt a sech desolidariséiert.
Den LSAP-Spëtzekandidat trëtt den 20ten Oktober u fir Premier ze ginn an ënnersträicht, dass et och ouni d’CSV an dësem Land geet.
Den Etienne Schneider kritt regelméisseg ee liberale Stempel, dat wier awer eppes woufir hien sech net schummt.
Den Etienne Schneider huet Iddien an deem Kontext, mä e wier bis ewell an der Regierung op daf Ouere gestouss domat. An engem laange Bréif un de Premier huet de Wirtschaftsminister am Mäerz seng Reformpropose resuméiert, en hätt allerdéngs mol keen “accusé de réception” kritt.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.