28. September: François Bausch

Am Background am Gespréich kommen an de leschte Wochen d'Parteien, déi an der Chamber sinn, zu Wuert. Dës Woch war et déi Gréng mam François Bausch.
Wirtschaft mat Ecologie verbannen, dat wëllen déi Gréng. Ee vun hire Spëtzekandidaten, de François Bausch, war e Samschdeg de Mëtteg den Invité an der RTL-Emissioun Background am Gespréich.
Hir gréng Iddien géife fir eng aner Politik stoen, fir méi Éierlechkeet a méi Gerechtegkeet. Déi Gréng wëllen d'Demokratie erneieren, d'duebel Mandater ofschafen - zweemol hannertenee Minister sinn géif duer goen - an och Net-Lëtzebuerger sollen d'Wahlrecht kréien, wa se op d'mannst 5 Joer hei liewen.
Domadder si ganz vill Lëtzebuerger net averstanen, dat weess de François Bausch. Hie versteet och d'Suerge vun de Leit, mä mengt awer, datt dat en demokratescht Recht wier a positiv fir eist Land.
Et wier eng Noutwennegkeet fir Lëtzebuerg an dat aus zwee Grënn: Eemol wéinst der Integratioun. Deene Gréngen ass d'Lëtzebuerger Kultur an d'Sprooch immens wichteg an et missten vu staatlecher Säit a vu Gemengesäit aus méi Efforte gemaach ginn, fir datt déi Halschent vu Leit, déi hei liewen a schaffen, d'Sprooch och séier kënne léieren.
Gëtt een deene Leit elo méi demokratesch Rechter, musse si sech automatesch méi dofir interesséieren.
Den zweete Punkt ass eng demokratesch Fro: Halschent vun der Bevëlkerung um nationale Niveau keng Rechter huet, dat wär nämlech e Land, dat op laang Siicht ausernee lieft an net funktionsfäheg wier.
Un d'TVA wëllen déi Gréng iwwregens just fréckele goen, wa soss guer näischt méi geet. De François Bausch ass awer optimistesch, datt et och ouni TVA-Hausse geet. Éier een un der Steierschrauf dréit, misst ee fir d'éischt kucken, wou nach gespuert ka ginn an allgemeng de Steiersystem analyséieren, sou de grénge Politiker.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.