4. Oktober: Xavier Bettel

Knapp zwou Woche virun de Legislativwahlen den 20. Oktober wor um Samschdeg ee vun de 4 DP-Spëtzekandidaten, de Xavier Bettel, eisen Invité.
Hien ass op déi verschidde Schwéierpunkten aus dem liberale Wahlprogramm agaangen. Wat déi ëffentleche Finanze betreffen, mussen dës onbedéngt rëm an den Equiliber kommen, sou de Xavier Bettel. Dofir misst ee „Finanzaudit“ gemaach ginn iwwert déi genee finanziell Situatioun vum Staat.
An op där aner Säit awer och kucken, wou nach iwwerall Suen opstinn, déi dem Staat geschellt ginn, zum Beispill vu Betriber, déi dräi bis véier Joer mat hirer TVA hannendra sinn. Et wier och falsch ze soen, dass d'TVA muss gehéicht ginn, well 700 Milliounen Euro duerch de Commerce Électronique ewechfalen, sou nach de Xavier Bettel. Donieft mussen dem DP Parteipresident no och nei Nische geschafe ginn, fir nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze bréngen.
De Parteipresident vun der Demokratescher Partei sot ënner anerem och, dass hien de Virworf, dass sech d'DP net fir déi Kleng asetzt an onsozial wier, net méi kéint héieren. De Xavier Bettel huet an dem Kontext d'Wichtegkeet vum Mindestloun ervirgestrach an de Modell vun engem sougenannten „Ausbildungs-Mindestloun“ ugeschwat.
Et géif awer net drëms goen de Mindestloun carrément ofzeschafen, sou nach de Xavier Bettel. Dat selwecht géif och fir den Index gëllen. D'DP wëll den Index net ofschafen, mä et wier ee bereet driwwer ze diskutéieren, zesumme mat de Betriber, déi an d'Ausbildung investéieren. Dëse Patrone kéint een entgéint kommen, andeems si eng Indextranche manner bezuelen, als Géigeleeschtung awer nei Aarbechtsplaze schafen.
Den 20. Oktober wësse mer, wien d'Gewënner a wien d'Verléierer vun de virgezunne Wahle sinn. d'DP wëll ganz kloer zu där éischter Kategorie gehéieren. Mat wiem sech déi Blo ënner Ëmstänn wëllen an ee Boot setzen, wollt de Spëtzekandidat vun der DP Xavier Bettel e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich awer net soen. Et wier net un him ze decidéieren, mä um Wieler wien d'Missioun kritt déi nächst fënnef Joer ze regéieren.
Wat seng perséinlech Zukunft betrëfft, sot de Xavier Bettel, dass hie seng Aarbecht als Buergermeeschter wéilt virumaachen. Hie géif dës Aarbecht gäre maachen. De Fall gesat seng Partei géif awer als stäerkste Kraaft den 20. Oktober aus de Wahlen ervirgoen, wëll hien de Wielerwëlle respektéieren an als Premierminister un der Spëtzt vun där neier Regierung stoen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.