12. Oktober: Jean-Claude Juncker

Knapp eng Woche virun de Legislativwahlen den 20. Oktober war um Samschdeg de Staatsminister eisen Invité.
Mam Jean-Claude Juncker hu mir no vir op d’Wale vum 20. Oktober gekuckt, zréck op déi mémorabel Chambersëtzung vum 10. Juli an awer och op de Walprogramm vun der CSV.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.