19. Oktober: Analys vun der Wahlcampagne

An der éischter hallwer Stonn vum Background waren den Robert Urbé, de Jean-Luc Thill an de Roland Gelhausen invitéiert.
An der 2. Halschent waren et d’Realisatrice Anne Simon an de Jacques Kapp.
Mat hinnen hu mer d’Wahlcampagne aus de leschte Wochen analyséiert.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).
Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).