Et si mouvementéiert politesch Zäiten. D'Lëtzebuerger Politik ass am Ëmbroch ...

D'Land geet Richtung 3er-Koalitioun. D'CSV rutscht no 34 Joer, a fir d'zweete Kéier iwwerhaapt, zënter ëm Zweete Weltkrich an d'Oppositioun. D'Ära Juncker ass no 18 Joer eriwwer.

EEt ass net mat der CSV geschwat ginn, well et un der Vertrauensbasis gefeelt huet", sou d'DP-Politikerin Lydie Polfer.

Hir Partei géif mat klore Virstellungen an och mat Grenzen an d'Koalitiounsverhandlunge mat der LSAP an de Gréngen era goen. Grenzen zum Beispill, datt et mat der DP keng Verméigenssteier a keng Räichesteier géif ginn. Eng Dräierkoalitioun wier zwar net deen einfachste Wee, mä et wär Geleeënheet fir nom Stëllstand, een neien Ufank fir d'Land z'areechen.

Op d'Fro, ob si bereet wier, fir nach emol de Poste vu Stater Buergermeeschter z'iwwerhuelen, fir dee si als Favoritin gëllt, war et iwwerdeem vum Lydie Polfer, kee klore Nee.

AUDIO: Background am Gespréich mam Lydie Polfer
Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).

Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).