Am Dezember soll déi nei Regierung stoen, ouni CSV. Wat ass do net alles geschitt tëscht dem 10. Juli an dem 20. Oktober!

D'Land kritt fir d'éischte Kéier eng Dräierkoalitioun,

D'Land steet awer och emol wéi d'aner Kéier viru grousse, finanziellen Erausfuerderungen!
Wéi gesäit eng fréier Politikerin déi politesch a wirtschaftlech Situatioun?

Invitée an eiser Emissioun Background am Gespréich dëse Samschdeg war d'Madame Erna Hennicot-Schoepges: si hat an der Zäit verschidde Ministerressorten ënnert sech a war Presidentin vun der CSV.

AUDIO: Background mam Erna Hennicot-Schoepges
Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video).

Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).