9. November: Jean-Claude Reding a Michel Wurth

Wou steiert d’Land hin a wéi gesäit et mat der Wirtschaft aus? Dës Froe beliichte mer am Background am Gespréich e Samschdeg vun zwou Säiten.
Am Studio sinn de President vum OGB-L, Jean-Claude Reding, an de President vun der UEL, der Union des entreprises luxembourgeoises, Michel Wurth.
Et geet ëm den Enjeu vun de Sozialwahlen d’nächst Woch, d’Zukunft vum Sozialdialog a wirtschaftlech Perspektiven.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).