Dës Woch goufe 46 Deputéiert vereedegt. 7 goufen eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt a 4 vun hinne waren e Samsdeg live bei eis am Studio.

Et waren dat: d'Corinne Cahen vun der DP, den Dan Kersch vun der LSAP, de Roy Reding vun der adr an de Justin Turpel vun déi Lénk.

Wat sinn hir Ambitiounen, fir wat wëlle se sech speziell engagéieren a wat wëlle si a 5 Joer realiséiert hunn? Mir hunn iwwert déi ënnerschiddlech berufflech Carrièren geschwat a gefrot, wéi hir éischt Erfahrungen direkt no de Wahlen an elo als Deputéierte waren.

Si all goufe leschte Mëttwoch vereedegt...eng Nouvelle huet direkt fir vill Gespréich gesuergt...déi net grad héiflech Begréissung vum Justin Turpel duerch den CSV-President Michel Wolter. De Justin Turpel huet nach emol präziséiert, datt och hie gemengt hat, dat wär e Witz, mä hien hätt kloer gemaach kritt, datt dat net sou wär.

Wou leien d'Haaptproblemer vum Land? D'Staatsfinanzen...an déi nees an den Equiliber bréngen wär sécher eng vun den Haaptaufgaben déi nächst Joren - do ware sech déi 4 Deputéiert eens. Méi wéi? Ëmverdeelen, spueren, sträichen....do gouf et verschidde Vuen. Den Dan Kersch ass fir e Mëttelwee.

Ob den Dan Kersch oder d'Corinne Cahen, sou wéi et Rumeure ginn, Ministeschposte kréien. Do hunn déi zwee Deputéiert sech bedeckt gehalen. Do wär nach Näischt decidéiert.

AUDIO: 16/11/2013 Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).

Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.