Déi nei Regierung steet... esou gutt wéi. Mä wéi steet et elo ëm d'Lycéesreform? Doriwwer schwätze mer am Background am Gespréich live e Samschdeg.

De Lëtzebuerger Educatiounssystem war dës Kéier d'Thema an der Emissioun Background am Gespréich. Nodeems d'Aarbechtsgruppen vun der Koalitioun dës Woch zwee Mol zesumme komm waren, fir zu deem Sujet ze beroden, war et e Freidegowend op der Tëlee d'Informatioun vum President vun deem Aarbechtsgrupp, André Bauler, dass de Reliounsunterrecht an der Grondschoul an am Secondaire ganz ofgeschaf gëtt, an duerch ee Wäerteunterrecht ersat gëtt. D'Kompetenzen an de Sproocheproblem an onse Schoulen waren zwee weider Sujeten.

Invitéen sinn de Guy Foetz, fréiere Vize-President vum SEW, de Jean-Marie Pütz vun der FAPEL an den Nicolas Henckes, Generalsekretär vun der UEL.

Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).