30. November: Jean-Jacques Rommes

Déi grouss Linnen vun der neier Regierung stinn: mat manner Geld eng besser Politik maachen. Wat heescht dat?
Wou soll, muss gespuert ginn, ouni datt der Economie d'Loft ausgeet? Wat sinn d'Erausfuerderunge vum Land, a virun allem, déi vum Finanzsecteur: Stéchwuert: Bankenunioun,"automateschen Informatiounsaustausch. Dat si Froen, déi mir dem Jean-Jacques Rommes gestallt hunn, Direkter vun der Bankenassociatioun. 15 Stonnen nom Accord an de Koalitiounsverhandlungen ginn et vill Froen a Politik a Wirtschaft.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).