Déi Gréng hunn net zu de Wahlgewënner gehéiert an awer sëtzen se an der Regierung.

Mam neien Nohaltegkeetsminister François Bausch schwätze mer e Samschdeg iwwert dee Schrëtt an d’Resultater.

Donieft geet et ëm d’Cargolux an aner Dossieren, déi de François Bausch vu senge Virgängeger iwwerholl huet.

Mir analyséieren och de Koalitiounsaccord a kucken no deene Gréngen Iddien doranner.

Background am Gespréich mam François Bausch, e Samschdeg tëscht 12 an 1 op RTL Radio Lëtzebuerg.

AUDIO: De Background nach emol lauschteren

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).