Background am Gespréich mam Lydia Mutsch e Samschdeg, tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Si war 26 Joer laang an der Gemengepolitik, dovunner 13 als Deputée-Maire, 9 Joer laang Presidentin vun der Santéskommissioun an der Chamber an elo zanter dem 4. Dezember Gesondheetsministesch a responsabel fir d'Chancëgläichheet.

D'Lydia Mutsch war de Samschdeg Invité an eisem Background.

Radio - Background am Gespréich: Lydia Mutsch
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Mat hir hu mir geschwat iwwert hir nei Missioun, d'Prioritéite vun der neier Regierung an hir perséinlech Usiichten. Wat wëll déi nei LSAP-Ministesch d'selwecht, wat anescht maachen ewéi hir Virgänger?

AUDIO: Background am Gespréich mam Lydia Mutsch

Déi nei Ministesch léisst d'Kritik vun der Horesca net gëllen, et wier net fréi genuch mat den Acteuren vum Terrain bei der Ëmsetzung vum neie Fëmmgesetz geschwat ginn.

D'Gesondheetsministesch geet dovunner aus, datt et eng Demande an Zäit vun e puer Woche validéiert ka ginn, wa bis en Devis an den Accord vum Installateur virläit. Den Ament hunn 9 Caféen eng Demande fir e Fumoir gemaach.

D'Santé wëll donieft mam Syvicol eng Circulaire erausginn mat Recommandatiounen an Informatiounen un d'Gemengen, wéi si d'Fëmme virun de Caféen encadréiere kënnen a sollen.

An der Emissioun wollt d'Lydia Mutsch net ausschléissen, datt eng Maison médicale an den Oste komme kéint. Dat wier souguer eng realistesch Iddi, sou d'Gesondheetsministesch. Fir d'éischt misst awer nach d'Evaluatioun vum aktuelle Bestand gemaach ginn.

Als Chancegläichheetsministesch ass d'Lydia Mutsch der Meenung, datt Aktiounspläng net duerginn. Am Koalitiounsaccord ass dann och eng 40%-Fraequote op de Kandidatelëschten fir déi nächst Parlamentswahlen virgesinn. D'Regierung wëll iwwert d'Parteiefinanzéierungsgesetz intervenéieren.

Bei der LSAP gëtt d'Parteispëtzt um Kongress am Mäerz erneiert an d'Lydia Mutsch schéckt viraus, da do sécher eng Fra derbäi wäert sinn. Ob et eng Parteipresidentin misst ginn, wollt si net awer soen. Bis ewell leien iwwregens nach keng offiziell Kandidaturen um Dësch.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der News-Rubrik "Background". Den AUDIO gëtt et awer och separat an der Radio-Rubrik "Emissiounen" (do no "Background" sichen).