Background am Gespréich mam Patron vun Ernst & Young (E&Y) e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Lëtzebuerg muss spueren. Déi nei Regierung wëll mat manner Sue besser Resultater erreeche wéi déi vu Schwaarz-Rout.

Wat sinn do eventuell Pisten? Wou kann a wou mussen déi ëffentlech Suen zeréckbehale ginn, fir en Defizit vun annerhallwer Milliard Euro auszegläichen? Dorëms geet et e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Alain Kinsch.

Mam Patron vun E&Y (Ernst and Young) zu Lëtzebuerg schwätze mir och iwwer nei Perspektiven fir d’Finanzplaz.

AUDIO: Background am Gespréich mam Alain Kinsch
Background am Gespréich mam Alain Kinsch
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.