Georges Bock

Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer mam Georges Bock, Chef vun der Audit- a Consultingfirma KPMG zu Lëtzebuerg.
Déi nei Regierung ass an der Phas vum „mir kucken, mir rechnen, mir gi verschiddene Piste no“. Ma iergendwann, an dat dauert net méi laang, heescht et: „Weise gëllt“.
Wéi optimistesch kann ee fir d'Zukunft vum Land sinn? Wat fir eng Medezin muss Blo-Rout-Gréng dem Patient Lëtzebuerg verschreiwen? Wéi batter gëtt déi Pëll?
Laanscht eppes komme mer net, esou den Invité, an dat ass, dass de Staat spuert, och bei sech.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.