Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Op politeschem Plang leeft d'Lëtzebuerger Land den Ament méi lues...dat kann een awer net vun der Situatioun am Ausland behaapten. Dofir kucke mer an onser Emissioun Background am Gespréich dëse Samschdeg emol iwwert d'Grenzen. Mam Ausseminister Jean Asselborn huele mer déi international Aktualitéit ënnert d'Lupp. Stéchwierder Ukrain, Syrien, Amerika, Kris, Biergerkrich, Dateschutz an der EU, a villes méi.

Background am Gespréich dëse Samschdeg emol anescht. Mir schalte LIVE op München, wou vun e Freideg un d'Münchener Sécherheetskonferenz leeft, a vu wou aus de Jean Asselborn ons Ried an Äntwert steet.

AUDIO: 01/02/2014 Background
RTL

Zu München si bis e Sonndeg Sécherheetsexperten aus der ganzer Welt beieneen: et ass schonns déi 50. Sécherheetskonferenz zu München. All Konflikter an engem Hotel – am Bayerischer Hof – an enger Stad...dat kënnt net all ze dacks vir...ofgesinn vum Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York. 1963 war déi éischt Konferenz zu München...den Helmut Schmidt an den Henry Kissinger souzen un engem Dësch, d'Zuel vun de Participanten war op 60 limitéiert. En Editeur aus München hat d'Iddi fir Sécherheetspolitiker aus Däitschland mat deenen aus den USA zesummen ze bréngen. Geschlof gouf deemools am Hotel Regina...dat war ganz an der Géigend vum Bayerischer Hof, wou d'Konferenz haut ass. München huet sech als gudde Choix erausgestallt...virun allem ronderëm d'Fuesend. D'Amerikaner ware begeeschtert vun de Schwaben, déi sech verkleet hunn...d'Fuesend war kee schlecht Argument fir e puer Deeg op München ze kommen. D'Sécherheetskonferenz huet déi Argumenter laang hannert sech gelooss. An all de Jore goufen hei Konflikter verhandelt an decidéiert an dëst Joer ass den Undrang extra grouss,

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.