Jean-Claude Biver

Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer mam Chef vun allen Aueremarken am Groupe LVMH, dem Lëtzebuerger Jean-Claude Biver.
Ee Lëtzebuerger huet mat gehollef di Schwäizer Auerenindustrie ze retten an dat draus ze maachen, wat se haut ass. De Jean-Claude Biver schafft zanter 40 Joer am Business an iwwerhëlt elo d’Responsabilitéit fir di ganz Aueremarken am Groupe LVMH. Mat 65 Joer huet hien es op kee Fall genuch. Am Background am Gespréich a Samschdeg geet ëm d’Astellung zum Liewen an zur Aarbecht oder och nach d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Economie.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.