Marc Spautz

© LuKo
Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer mam neien CSV-Parteipresident Marc Spautz.
Zanter zwee Méint ass d'CSV offiziell an der Oppositioun.
Um Kongress e leschte Samschdeg krut si en neie Parteipresident.
An der Emissioun Background am Gespréich mam Marc Spautz geet et ënner anerem driwwer, a wéi fären d'CSV sech dran erginn huet, net méi an der Regierung ze sëtzen. Wéi soll et weidergoe mat der Partei, a wat sinn déi éischt Aschätzunge vun den Aarbechte vun der neier Regierung?
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.