Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer mam Direkter vun der Fédération des Artisans Romain Schmit.

De Romain Schmit huet derfir plädéiert, dass heiheem eppes am Schoulwiesen an a Saachen Beruffsorientéierung ännert.

De Staat misst moderniséiert ginn, an de Staat kënnt net laanscht spueren.

Bei deem Punkt eenzeg an alleng drop ze setzen, dass Investitiounsprojeten op déi laang Bänk gedréckt ginn, kéint net d'Léisung sinn.

AUDIO: De Background am Gespréich mam Romain Schmit.
De Background am Gespréich mam Romain Schmit.
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.
Background am Gespréich: Invité Romain Schmit
Den Direkter vun der Handwierkerfederatioun huet mam Jean-Marc Sturm ë.a. iwwert d'Beruffsorientéierung an de Schoulen an de Mindestloun zu Lëtzebuerg geschwat.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.