Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer mam President vum ONT, Marc Schaefer, deen och Buergermeeschter vu Veianen ass.

Am Tourismussecteur ass d’Saison 2013, no scho positive Resultater déi zwou Saisone virdrun, gutt gelaf, mat engem neie Rekord vun Iwwernuechtungen.

Dat kënnt net vun ongeféier: Beim Office national du Tourisme gouf virun zwee Joer mat enger Ëmstrukturéierung ugefaangen an déi nei Strategie schéngt also hir Friichten ze droen.

Iwwer d’Bedeitung vum Tourismussecteur fir déi national Economie, iwwer seng Problemer, mä awer och iwwer seng Atouten, doriwwer goung et dëse Samschdeg.

AUDIO: 01/03/2014 Background am Gespréich mam Marc Schaefer
Radio - Background am Gespréich mam Marc Schaefer
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.