Claude Wiseler

Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer mam Ex-Minister an aktuellen CSV-Vize-Fraktiounschef an der Chamber, Claude Wiseler.
E Mëttwoch huet de Finanzminister Pierre Gramegna den éischte Staatsbudget vun der LSAP/DP/déi Gréng-Koalitioun presentéiert, a fir d'éischt zanter 1979 hat d'CSV näischt direkt mam wichtegste Gesetz vum Joer ze dinn. Wat halen déi Chrëschtlech-Sozial vun deem Staatsbudget, a wéi gesäit hir eegen no Zukunft aus?
Doriwwer diskutéiere mer dës Woch mam Claude Wiseler, fréiere Minister an aktuelle Vize-Fraktiounschef vun der CSV an der Chamber.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.