Félix Braz

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Justizminister Félix Braz.
Hien ass een vun den 3 grénge Ministeren an der Regierung an huet Dossieren ze traitéieren, déi et a sech hunn. De Justizminister Félix Braz ass déi nächst Zäit op ville Niveaue gefuerdert: Sief et d'Referenden, déi op d'Land duerkommen, d'Prisongsreform an d'Reformen an der "Justice" am Allgemengen.
Aner Domainer, wou Blo-Rout-Gréng Reforme wëlles huet, sinn d'Bestiednis vun homosexuellen Koppelen an d'Depenaliséieren vum Avortement. Alles Dossieren vum Minister Felix Braz - hien ass eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.