Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Finanzminister Pierre Gramegna.

No der Budgetspresentatioun virun zwou Wochen, ass elo de Screening en Vue vum Staatsbudget 2015 amgaangen, dat sot de Pierre Gramegna e Samschdeg bei eis an der Emissioun Background am Gespréich. Den Optrag vu Mc Kinsey, dee mëttlerweil ofgeschloss ass,  huet de Finanzminister nach emol verdeedegt. Et hätt misse séier gehandelt ginn, et wier eng Entreprise mat gudden Erfahrungen an deem Beräich an et kéint een, dem Pierre Gramegna no, och net vun engem Interessekonflikt schwätzen.

De Finanzminister huet och de Reproche zeréckgewisen hie géif de Beamten net trauen. Déi eenzel Verwaltunge wieren nämlech  um Screening bedeelegt.

Déi Aarbechten an d'Analys vun de Sozialleeschtunge solle bis spéitstens Enn Juni ofgeschloss sinn. Duerno solle konkret Propositiounen en vue vum Staatsbudget fir dat anert Joer gemaach ginn. D'Regierung wëll an de Méint Juli bis August e Pak opstellen. Et géif net nëmmen drëms goen, fir ze spueren, mä fir ze kucke méi efficace ze schaffen, sot de Pierre Gramegna.

AUDIO: De Background am Gespréich mam Pierre Gramegna.
De Background am Gespréich mam Pierre Gramegna.
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.