Claude Strasser

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post.
Mam Claude Strasser hu mir geschwat iwwer déi verschidde Beräicher, an deenen d’Post aktiv ass, an dat ass méi wéi Bréifboîte, Telefon, Internet oder CCP.
Wéi wëll d’Post sech positionéieren an engem Secteur, dee rasant wiisst? Wéi wëll se de Reseau vun de Guichete moderniséieren, wat geschitt mam Postchèque?
De Claude Strasser ass zanter knapp zwee Joer Generaldirekter vun der Post. Am Background sot hien ënnert anerem:
De Reseau vun de Guicheten an anere Point-de-ventë gëtt reforméiert, wat awer net heescht, dass et der manner soll ginn, am Contraire.
Nieft dem klassesche Geschäft ass d'Post awer och an de modernen Technologien aktiv, ënnert anerem de séieren Internet.
Do ass een am Soll beim Verleeë vum Glasfaserkabel, sou de Claude Strasser.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.