Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer waren de Claude Wiseler (CSV), de Gast Gibéryen (ADR) an de Serge Urbany (déi Lénk).

D’Woch stoung am Zeeche vum „état de la Nation“. Gutt geschafft soen déi eng, ze wéineg Inhalt soen déi aner. Am Background am Gespréich e Samschdeg hu mer d’Ried vum Premier an d’Pläng vun der Regierung nach eemol mat der Oppositioun analyséiert.

Am Studio waren de Claude Wiseler vun der CSV, de Gast Gibéryen vun der ADR an de Serge Urbany vun déi Lénk.

AUDIO: Background
Radio - Background
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.