Mars Di Bartolomeo

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer ass de Mars Di Bartolomeo, aktuelle Chamberpresident.
Mam Mars Di Bartolomeo ass zanter 40 Joer nees ee Sozialist éischte Bierger vum Land. Den aktuelle Chamberpresident kann op eng politesch Carrière wéi aus dem Billerbuch zeréck kucken. Mat 20 Joer huet hien als Journalist beim Tageblatt ugefaangen, vun 1889 bis 2004 wor hien Deputéierten, während 10 Joer Buergermeeschter vun Diddeleng a vun 2004 bis 2013 Gesondheetsminister.
Den LSAP-Politiker ass dëse Samschdeg Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Mat him schwätze mer iwwert déi parlamentaresch Aarbecht, wou setzt hie gären Akzenter a wat huet hie während senger politescher Carrière am meeschte markéiert. Awer och dem Mars Di Bartolomeo säin Engagement fir sozial Projeten, seng Virléifte fir déi italienesch Kichen a seng Heemecht Diddeleng, kommen net ze kuerz.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.