Veganismus

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer waren de Camille Müller, de Pit Reichert an d'Mandy Noel.
Veganismus... ee Wuert dat an de leschte Joer ëmmer méi dacks benotzt gëtt, an ee Liewensstil, dee vun ëmmer méi Leit gelieft gëtt. Nohalteg iwwerleeën, lokal consomméieren, ekologesch liewen...
Firwat ëmmer méi Leit dat maachen, wat et hinne bréngt an aus wéi enger Iwwerzeegung se dat maachen, hu mer e Samschdeg 3 Invitéen an onser Emissioun Background am Gespréich gefrot. Et waren dat de Fondateur vun der Vegan Society Luxembourg, de Camille Müller, de Matgrënner vu Cell Pit Reichert an eng iwwerzeegten Veganerin der Mandy Noel.
Mir hu dann awer och probéiert d'Déierenhaltung hei zu Lëtzebuerg emol méi kloer ze beliichten, hunn ee Bléck op een Center geheit, deen de Leit hëllefe wëll méi ekologesch ze liewen an hunn ons d'Fro gestallt wat all déi Mouvementer fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft bedeiten.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.