Eugène Berger a Gilles Roth

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer sti sech den Eugène Berger vun der DP an de Gilles Roth vun der CSV géigeniwwer.
D'Diskussioune iwwer de Staatsbudget sinn also gelaf. Et huet sech dobäi erausgestallt, datt déi nei Regierung et eescht mengt mat de strukturelle Reformen an datt déi nächst Joer misst streng gespuert ginn.
Et weist sech awer grad esou, datt d'CSV sech géint Virwërf wiert, datt an de leschte Joer op deem Plang iwwerhaapt näischt geschitt wier.
Fir där Situatioun op den Zant ze fillen, proposéiere mer an eiser Emissioun Background e Face-à-face tëscht dem DP-Fraktiounschef Eugène Berger an dem CSV-Deputéierten Gilles Roth.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.