Jean-Claude Juncker

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Jean-Claude Juncker.
Bal 20 Joer laang Lëtzebuerger Premier, dunn op d'Oppositiounsbänk an elo vläit op Bréissel? De Jean-Claude Juncker ass e Samschdeg eisen Invité am Background am Gespréich.
De Jean-Claude Juncker geet dovunner aus, datt hien EU-Kommissiounspresident gëtt, dat well en domadder rechent, datt d'EVP stäerkste Fraktioun am Europaparlament gëtt. Mä gelaf wär dat nach net; dofir wär ee jo am Wahlkampf.
Vu Rietsextremen oder Rietspopuliste wéilt hien awer net gewielt ginn, vu Faschiste wéilt hien net an dat Amt gedroe ginn.
Seng Haaptprioritéit als EU-Kommissiounspresident wieren de Wirtschaftswuesstem an Europa undreiwen an de Chômage drécken.
Am 1. Debat op der däitscher Tëlee ware sech déi zwee Spëtzekandidate Martin Schulz vun de Sozialdemokraten an de Jean-Claude Juncker a villem eens. An awer géif et Ënnerscheeder ginn tëscht de Politiken an et wär net egal, ob den nächste President Schulz oder Juncker heescht.
Déi däitsch Press geet den Ament net ëmmer frëndlech mat him ëm, domadder misst hie liewen. Wa beispillsweis franséisch Sozialisten oder Liberaler Lëtzebuerg attackéieren, datt eist d'Land d'Steierflucht ënnerstëtzt, versteet den EVP-Spëtzekandidat net, datt kee Sozialist oder Liberalen hei am Land säi Land verteidegt. Do géif et jo net nëmmen ëm hie goen an d'Politik hätt en déi lescht Joren net eleng gemaach.
Wat d'Erweiderung vun der EU ugeet, wäert keen anert Land déi nächst 5 Joer opgeholl ginn, seet de Jean-Claude Juncker.
Hie mécht sech aktuell Suergen, datt net genuch Leit an Europa wiele ginn, mä dofir wär hie jo duerch Europa ënnerwee, fir d'Leit ze motivéieren, fir hir Stëmm ofzeginn. Dat wär schonn ustrengend awer och héich interessant, well d'Problemer an den europäesche Länner ganz verschidde sinn.
Als CSV-Fraktiounschef an Oppositiounsleader op déi national Politik ugeschwat, sot de Jean-Claude Juncker, datt beim Versuch ze lëften vill Duerchzuch a vill Duerchernee géif entstoen. Hie wëll sech keen definitiivt Uerteel erlaben, wëll der Regierung nach Zäit loossen, mä fënnt awer, datt aktuell d'Regierung hir Aarbecht net gutt mécht; si kéint se besser maachen.
D'Ministere géife kontradiktoresch Messagë ginn an e kloert Konzept, wat d'Regierung wëlles hätt, wär net z'erkennen.
Op d'Fro, ob hien CSV-Fraktiounschef bleift, wann et net klappt mam EU-Kommissiounspresident, sot de fréiere Lëtzebuerger Premier, datt déi Fro sech den Ament net stellt...hie wéilt elo President vun der Europäescher Kommissioun ginn.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.
